Macher erënnert sech

Pdf: Maacher erënnert sech – Voir également / Siehe auch: Presse 2017

Intro (Haus Hayum)
Mir si Schüler ob enger 12SO am Maacher Lycée a wëllen Iech och nach eemol
häerzlech ob der haiteger Zeremonie begréissen a Merci soen, dass mir
d’Méiglechkeet kruten haut mat dobäi ze sinn. Zesumme wëlle mir 7 jiddesche
Bierger vu Grevenmacher gedenken déi et net gepackt haten, der NS
Vernichtungsmaschinerie ze entkommen. Mir wëllen awer dësen Dag och notzen fir
eppes aus der Geschicht ze léieren an all den Opfer vun Haass, Rassismus,
Friemefeindlechkeet an Intoleranz gedenken.
Mat eiser Participatioun un der Verleeung vun 7 Stolpersteng, zesummen mam
Günter Demnig, virun de fréieren Haiser vu 7 verstuerwen Judden wëlle mir een
Zeechen sëtzen, dass mir net vergiessen, wat virun Joerzéngten hei zu Maacher, hei
am Land an an Europa geschitt ass. An virun allem wëlle mir weisen, dass mir
verstanen hunn, dass esou eppes ni méi geschéien dierf.
Mir hunn eis d’Fro gestallt, wéini ass e Mënsch verschwonnen … Wann hien stierft??
oder réischt wann hien vergiess gëtt?? Fir eis lieft vun all Mënsch no sengem
Ofliewen nach een Deel weider! Dëst duerch déi Mënschen déi hinnen nostoungen!
Dës Steng hëllefen dobäi, dass mir déi Mënschen net vergiessen, well een Numm ass
méi wéi nëmmen e puer Buschtawen, een Numm zielt eis eng Geschicht, ee Liewen.
Zousätzlech sinn dëss Steng matzen an der Stad, op Platzen wou Mënsche wunnen a
liewen an domadder sinn déi verstuerwen Persounen erëm matzen ënnert eis.
!1
D’Famill Hayum-Dahl …
D’mannst 37 jiddesch Famillen hunn am Zäitraum 1818 bis 1941 méi oder manner
laang zu Maacher gewunnt. 7 jiddesch Bierger vu Maacher sinn an den Ghettoen oder
den Vernichtungszentren am Osten vun Europa ëm d’Liewe komm. D’Famill HayumDahl déi säit 1924 hei zu Maacher gelieft huet, verléiert 4 Familljememberen: den
Oskar, de Felix, de Siegmund an de Fernand.
De Famillen Eelsten Oskar (54 Joer) 1 vu fënnef Véihändler, déi nach 1940 hei zu
Maacher waren, war säit Februar 1924 bestuet mam Dahl Gerda Magdalena. Hien
war ënnert den éischten 20 Judden, déi Enn Juli 1941 am Klouschter zu Cinqfontaine,
dem sougenannten „Jüdischen Altersheim Fünfbrunnen“ an der Géigend vu Ëlwen
internéiert goufen, är se vun do Richtung Osten deportéiert goufen. Den Oskar ass
mam 2. Transport vu Lëtzebuerg den 23. Abrëll 1942 op Izbica deportéiert ginn an
ass wahrscheinlech do am Ghetto gestuerwen…
Säi Jong den Fernand huet ab September 1940 schonn net méi dierfen hei zu Maacher
an d’Schoul goen, mee am Kader vun der Zwangsarbeit, missen ob Wittlech hei vir
an Däitschland ob Autobunn schaffe goen. Zesummen mat sengen 2 Monnien Felix
(48 Joer) a Siegmund (50 Joer), sinn si Mëtt September 1941 dunn och vu Maacher
aus hirem Haus verdriwwe ginn an hu missen ob Manternach wunne goen.
An hiert Haus, dat hei hannert eis stoung a bäi der Befreiung vun der Stad komplett
zerstéiert ginn ass, ass eng Famill wunne komm, déi mat den Däitsche kollaboréiert
huet. Dës ass um Enn vum Krich an Däitschland geflücht.
Vun Manternach aus sinn déi 3 Männer den 16. Oktober mam éischten vu siwen
Transporter ob Lodz/Litzmannstadt an den Ghetto deportéiert ginn. Hei zu Lodz am
haitege Polen waren weit iwwert 200.000 Mënschen am 2. gréissten Ghetto, no dem
vu Warschau, zum groussen Deel ënner mënschenonwierdegen Verhältnisser sech
selwer iwwerlooss, aër se vun hei an déi verschidden Vernichtungszentren
transportéiert gi sinn.
!2
Hei e Bréif aus dem Ghetto Litzmannstadt, eng vun deene läschten Spueren vun der
Famill Hayum:
No den Informatiounen déi mir haut hunn, sinn déi 3 Familljememberen vun der
Famille Hayum am Ghetto zu Lodz verscheet: den Felix den 3.5.1942, den Siegmund
den 25.5.1942 an den Fernand den 24.5.1942. De Fernand hat eisen Alter …
!3
Haus Famill Cahen-Wolf
Mam Kapp a mam Häerz
Dëst Joer ass et 76 Joer hir,
dass Lëtzebuerger Frënn a Komeroden,
goufen vun enger kranker Rassenideologie verroden.
An onseren Häerzer ass dofir ganz fir,
riseg grouss, vir ëmmer eng oppen Tolleranzdiir.
Et gëtt Platzen vir sech ze erënneren,
a fiir d’Vergiessen sou ze verhënneren.
An haut zu Maacher kommen dobäi dës Stolpersteng,
an der Hoffnung, dass si kënnen maachen d’Péng méi kleng.
Et stolpert een iwwert se mam Kapp a mam Häerz,
an se sinn vir ëmmer do, wéi eng éiweg brennend Käerz.
Fir ëmmer bleiwen déi Mënschen an Erënnerung, a sinn net eleng,
well wa mir des Steng kucken, gesi mir hier Häerzer, déi waren esou reng.
Daniel Konz (12SO)
Dir hutt Iech sécher beim Haus vun der Famill Hayum d’Fro gestallt firwat mir dëss
Rousen zesummen mat enger Rief bei Steng néierleeën.
D’Wäirief steet fir eis Géigend, d’Musel, fir Maacher… a weist, dass dëss Mënschen
hei zu Maacher hiert Wuerzelen geschloen haten, genau esou wéi d’Riefen an den
Häng ronderëm eis, hier Wuerzelen schloen!
An déi wäiss Rousen sinn een Symbol fir d’Hoffnung, d’Hoffnung dass esou eppes ni
méi geschitt.
!4
Raphael Cahen-Wolf
Gebuer de 27. Juli 1885 zu Sierck-les Bains an der Lorraine, ass de Raphael Cahen
1926 ob Maacher geplënnert. Hei bestuet hien am August v um selwechte Joer Berthe
Wolf, d’Meedchen vum Hermann Wolf-Bonen. Vun do un a bis zum Ausbroch vum
Krich 1940, schafft hien hei zu Maacher och als Véihändler.
De Raphael an Berthe Cahen-Wolf hunn och nom 10. Mee 1940, wann och ënnert
ëmmer méi schlëmmen Zoustänn, weider hei zu Maacher gewunnt. Nodeem den
Raphael net méi huet dierfe schaffen, hunn si och hiert Haus hei hannert eis
confisquéiert kritt a sinn zesummen mat de Famillen Wolf-Bonem an Bonem-Israël
am Haus vu Leschtgenannten isoléiert ginn. An hiert Haus ass d’Kreisgendarmerie
komm.
De 26. Februar 1941 ass och dëst Haus endgülteg geraumt ginn an e Bus huet
d’Famillen ob Dijon bruecht. Vun do aus weider mam Zuch ob Mâcon wou Famill
Cahen-Wolf d’Stad verléisst an sech zu Chaise-Dieu an der Auvergne verstoppt. De
Raphael gëtt hei awer verroden a festgeholl an zu Drancy an de Prisong. Vu hei aus
kennt hien zesummen mam Max Bonem op Sobibor an d’Vernichtungslager wou
sech seng Spuer verléiert ….
Seng Fra Berthe iwwerlieft de Krich a kënnt als een vu just 8 jiddeschen Maacher
Bierger nom Krich zeréck. Si bezitt erëm hiert d’Haus a mëscht zesummen mat
senger Mam eng kleng Epicerie hei zu Maacher op. Berthe Cahen-Wolf stierft den
18. September 1969 an der Stad.
!5
Zum Ofschloss bäi dësem Haus, nach e Gedicht vum Martin Niemöller. Däitsche
Paschtour an Theolog, deen zu Dachau a Sachsenhausen am KZ sutz.
Als die Nazis die Kommunisten holten,
habe ich geschwiegen;
ich war ja kein Kommunist.
Als sie die Sozialdemokraten einsperrten,
habe ich geschwiegen;
ich war ja kein Sozialdemokrat.
Als sie die Gewerkschafter holten,
habe ich geschwiegen,
ich war ja kein Gewerkschafter.
Als sie die Juden holten,
habe ich geschwiegen,
ich war ja kein Jude.
Als sie mich holten,
gab es keinen mehr,
der protestieren konnte.
Den Text schwätzt mengen ech fir sech eleng an ass haut 2017 erëm méi wéi aktuell

!6
Haus Sommer-Bonen Selma
D’Famill vum Selma Sommer-Bonen ass am Ufank vum 20. Joerhonnert ob Maacher
geplënnert an 1916, nach während dem 1. Weltkrich hunn si eng Epicerie an der
Groussgaass opgemaach. No deem hier 4 Kanner alleguer bestuet waren, hunn
d’Elteren Grevenmacher awer erëm verlooss, an eleng d’Selma ass zesumme mat
hirem Mann Jonas Julius Sommer hei zu Maacher bliwwen an huet ab 1923
d’Epicerie vun den Elteren iwwerholl. Dëst Geschäft sollt bis 1940 ob der Nr. 19 an
der Groussgaass, hei hannert eis, bestoe bleiwen.
Selma Sommer-Bonen war ganz gutt hei zu Grevenmacher integréiert an ass och no
1940 net vun de Maacher Leit fale gelooss ginn. Dëst wësse mir ënner anerem aus
engem Bréif, deen d’Selma un den Consistoire israélite geschriwwen huet. Trotz
Verbuet a Gefor selwer bestroft ze ginn, huet esou zum Beispill e lokalen
Daachdecker ouni eppes a Rechnung ze stellen, Reparaturen um Haus vun der Famill
Bonem-Triefus duerchgefouert. Iwwerweltëscht vun dëser Hëllef an awer och
généiert duerch déi Situatioun vun Ofhängegkeet a vläicht schonn resignéiert, schreift
d’Selma am Dezember 1941: «(…) So rührend aufmerksam sind hier die Leute. Sie
würden alles für uns tun, wenn es etwas nützen würde. (…)»
Zu dem Zäitpunkt hunn just nach zwou jiddesch Persounen, Bertha Bonem-Triefus
an eben Selma Sommer-Bonem hei zu Maacher gelieft. Déi 2 Witfraen, 88 an 57 Joer
al, waren ënner Polizeikontroll gestallt an am Haus vun der Famill Bonen-Triefus
internéiert a beschreiwen am selwechte Bréif hier Situatioun: « (…) wie unser
Unglück sich immer weiter ausbreitet. Nun hat man mir die paar Groschen meiner
Witwenrente auch gekündigt. Von was soll ich nun leben? (…) Ferner geht das
Gemurmel, als müssten wir von hier fort. (…) Ich bitte Sie dringend dafür, daß wir in
Ulflingen anständig unterkommen. (…)» D’Bertha Bonem-Triefus stierft den 10.
Februar 1942 nach hei zu Maacher an ass um jiddesche Kierfecht hei begruewen.
Den 16. März gëtt d’Selma ob Cinqfontaine bruecht a bëssi méi spéit vun hei ob
Lublin, zesummen mam Oskar Hayum. Keen vun den 25 Persounen vum Transport
!7
Nr. L-02 huet iwwerlieft… Op der Personenkarte vum Selma steet a roude
Buschtawen geschriwwen: „Gestuerwen zu Ausschwitz 1942“.
Der NS-Rassenterminologie no war Stad Grevenmacher nom der Deportatioun vum
Selma den 16. März 1942 „judenrein“!
Intro Lidd
Vill Leit vergiessen hautdesdaags leider wouzou Haass féiere kann, obwuel
d’Geschicht et eis eendeiteg weist. Trotz all dem Wëssen ass d’Geschicht am gaangen
sech ze widderhuelen! Mee mir kennen net hei sëtzen a nokucken wéi aner Leit déi
Feeler nach eemol maachen.
Mee d’Gesellschaft schéngt zum Deel sech de Feeler net bewosst ze sinn a weist
domadder indirekt och, dass eis Virfahren déi am Krich gelidden hunn a
Vergiessenheet geroden! Wier et elo net un eis géint Diskriminatioun ze kämpfen?
Wier et elo net un eis, eis géint Riedsradikalismus ze wieren? Wier et elo net un eis,
de Mond opzedoen an een Zeechen ze sëtzen?
!8