Video Archiv
Concert en Mémoire des Victimes de la Shoah
Am 25.02.2018 veröffentlicht
Reportage: d’Gesiichter hannert den Nimm
26.10.2016
De 16. Oktober 1941 huet den éischten a gréissten Deportatiounszuch vu Judden d’Stater Gare verloos.
Sous le Haut Patronage de Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse
Op de Spuren vun der Erënnerung. De 16. Oktober 1941 goufen déi éischt lëtzebuerger Judden a Polen déportéiert. D’ Zwangsaarbecht am Ghetto an Mënschen onwierdeg Zoustänn hunn do schonn villen d’Liewen kascht. Vill aner koumen an de Vernichtungslager ëm. Eng RTL Équipe war mat der Memoshoah A.S.B.L am fréiere Ghetto vun Litzmannstadt an huet mat Zäitzeien geschwat.
Concert en Mémoire des Victimes de la Shoah.
27.01.2016, Conservatoire de la Ville de Luxembourg
Concert à l’occasion de la journée internationale et européenne de la Mémoire de l’Holocauste et de la prévention des crimes contre l’humanité.
RTL: Interview mam Charles JUDA
Inauguration de l’ancienne synagogue renovée de Mondorf
18.10.2015: un Film d’Artur Leonardo Kurkowiak
MEMOSHOAH – Konferenz Renée Wagener
un Film d’Artur Leonardo Kurkowiak
Cinqfontaines Concert-mémoire
26 Avril 2015: un Film d’Artur Leonardo Kurkowiak
De Josy Schlang seng Elteren Tobias Schlang an Anna Grunberg waren eng jiddesch Immigrantefamill aus Polen. No senger Kandheet zu Rodange ass en zesumme mat sengen Elteren a senger Schwëster Sophie op Esch-Uelzecht geplënnert, wou hien eng Léier fir Coiffeur gemaach huet. No der däitscher Invasioun vum 10. Mee 1940 huet säi Papp wéinst senger jiddescher Relioun d’Aarbecht op der ARBED verluer.
De Josy Schlang war vum 15. September bis de 16. Oktober 1941 am Prisong am Gronn agespaart. Duerno gouf e mat sengen Elteren a mat senger Schwëster fir d’éischt mat ronn aneren 300 Judden aus Letzebuerg an de Ghetto Litzmannstadt deportéiert. Seng Famill gouf wuel tëscht Januar a Mee 1942 zu Chelmno vergaast, zesumme mat ronn 55.000 anere Leit, déi duer vu Litzmannstadt hibruecht goufen.
De Josy Schlang ass an d' »Arbeitslager » op Dzabikowo (bei Posen) komm, wou hien ee Joer laang am « Sumpf » Zwangsaarbecht huet misse maachen. 1943 ass en dunn an de Camp vu Monowitz bei Auschwitz verluecht ginn. Hien huet och am Kommando Kanada vum Camp Auschwitz-Birkenau geschafft an dunn zu Sosnowitz. Wéi Auschwitz am Januar/Februar 1945 evakuéiert gouf, well d’Rout Arméi ëmmer méi no koum, ass de Josy Schlang an d’KZ Mauthausen deportéiert ginn. Hie gouf de 5. Mee 1945 befreit an ass no sengem Calvaire als eenzegen Iwwerliewende vu senger Famill am September 1945 op Lëtzebuerg zréck komm.
Hien huet duerno op der Schmelz geschafft, sech bestuet an eng Famill gegrënnt. Wéi e pensionéiert war, huet e bis e puer Joer viru sengem Doud als Benevole am Nationale Resistenzmusée zu Esch geschafft, wou e Besuchsgruppe seng Erliefnesser verzielt huet. Seng lescht Joren huet hien zu Beetebuerg an engem Fleegeheem verbruecht.
Quelle : Wikipedia Lëtzebuerg (CC BY-SA 3.0)
Copyright vum Film-Interview, deen 2001 opgeholl gouf: J.P. Tholl vun L-9154 Groussbus
27 Januar 2015
Copyright © 2017. Memoshoah Luxembourg a.s.b.l.